ZfL_Logo_grouss

D’administrativ Digitaliséierung: en zweeschneidegt Schwäert

vum Vanessa Baldassarri ép. Demoling*

D’Digitaliséierung vun de Verwaltungen, déi duerch d’Covid-19-Pandemie acceleréiert gouf, ass eng vun de groussen Erausfuerderungen, déi d’Regierung sech gesat huet. D’Gemenge wäerte logescherweis och net dolaanschtkommen, sech ze moderniséieren. Obwuel d’Dematerialiséierung vun den ëffentleche Servicer vill Virdeeler huet, bleift se en zweeschneidegt Schwäert.

Och wa fir vill vun eis d’Digitaliséierung mat Acceleratioun vun de Prozeduren, verbesserter Accessibilitéit zu den ëffentleche Servicer, Impakt op de Klimaschutz etc. Hand an Hand geet, bleift en Hoken. Tatsächlech verursaacht d’Digitaliséierung vun den ëffentlechen Déngschtleeschtungen zwangsleefeg eng Verännerung an der Bezéiung tëscht den eenzele Leit an de Verwaltungen. Et gëtt keng tëschemënschlech Relatioun méi tëscht hinnen, ma d’Leit ginn zu „anonymen an enthumaniséierte“ Gespréichspartner.

Eng Enthumaniséierung vun dëse Relatiounen erhéicht awer de Risiko vun enger Verletzung vun de Rechter vun den Notzer*Notzerinnen vun der Administratioun. D’Administratioune mussen deemno dofir suergen, datt d’Leit iwwert hir Rechter informéiert ginn, wéi och iwwert d’Recoursméiglechkeeten, déi hinnen zur Verfügung stinn. 

Déi verstäerkt Digitaliséierung vun den ëffentlechen Déngschtleeschtunge riskéiert deemno och eng sozial Trennung ze schafen, virun allem duerch d’Ausgrenzung vu Leit, déi entweeder net déi néideg digital Kompetenzen oder net déi entspriechend Ausrüstung hunn, fir sech online ze connectéieren, net ze schwätze vun deenen, fir déi d’Accessibilitéit zur Technologie bedéngt duerch hir Behënnerung eng Barriär ass.

Fir dës Risiken ze limitéieren, sinn ech der Meenung, datt d’Digitaliséierung de mënschleche Kontakt net komplett ersetze soll, mee dësen onbedéngt bestoe bleiwe muss. D’Leit mussen de Choix hunn, entweeder hir Prozeduren online kënnen duerchzeféieren oder Accès zu engem Guichet hunn, an deem eng Persoun op hir Froen äntweren an se duerch hir Demarche guidéiere kann.

* D‘Vanessa Baldassarri ép. Demoling, 40 Joer, wunnt zu Leideleng an ass Mamm vun zwee Kanner. Si ass Elterevertriederin, Member vun der Schoulkommissioun a Member vum Naturpaktteam. Nodeems si hir Studien mat engem Master II am „Droit bancaire et financier“ zu Stroossbuerg ofgeschloss huet, huet d’Vanessa als Avocat à la Cour geschafft. Säit 2011 ass hatt Deel vun der Equipe vum Ombudsman (Mediateur), deen a Sträitfäll tëscht de Bierger*Biergerinnen an de Verwaltunge probéiert eng friddlech Léisung ze fannen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp