Am Kader vum Weltfraendag hu mir gëschter d'Expo "Femmes pionnières dans le journalisme au Luxembourg" an d'Aktioun "Les rues au féminin" ageweit. Och wa béid Geschlechter virum Gesetz gläich sinn, musse Fraen am Alldag och haut nach fir hier Rechter kämpfen.