ZfL_Logo_grouss

Aktioun weiblech Stroossennumm

“Mir mussen d‘Visibilitéit vu Fraen am ëffentleche Raum stäerken” fuerdert d’Nathalie Entringer.

Keng eng eenzeg Leidelenger Strooss ass no enger Fra benannt. Bei der Aktioun “Les rues au féminin”, déi um Weltfraendag organiséiert gëtt, gi Stroosse fir ee Mount och no enger Fra benannt. Esou gëtt op d’Biographie vu weibleche Perséinlechkeeten opmierksam gemaach. “Mir mussen d‘Visibilitéit vu Fraen am ëffentleche Raum stäerken”, sou d’Nathalie Entringer.

An enger Motioun hu mir gefuerdert, datt d’Gemeng Leideleng bei dëser Aktioun vum nationale Fraerot matmécht. Och soll déi nächst nei Strooss hei zu Leideleng no enger weiblecher Perséinlechkeet benannt ginn. De Schäfferot wat d’Accord, datt d’Chancëgläichheets-Kommissioun sech mat der Aktioun “Les rues au féminin” soll befaassen an och fir déi nächst Strooss no enger Fra ze benennen.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp