ZfL_Logo_grouss

Eis Kandidatinnen a Kandidate fir d’Gemengewalen 2023

Vu lénks no riets: Marcel Jakobs, Sandrine Pompidou, Jean-Pierre Roemen, Vanessa Baldassarri ép. Demoling, Lou Linster, Nathalie Entringer,
Dr. Philippe Wilmes, Denise Copette ép. Conrardy, Patrick Calmus

Léif Leidelenger Biergerinnen a Bierger,

D’nächst Joer si Gemengewalen an Dir decidéiert iwwert d’Zukunft vun der Gemeng Leideleng. Wéi kréie mer de Verkéier an de Grëff ? Wéi kréie mer nees Liewen an den Duerfkär ? Wéi ka Leideleng klimaneutral ginn ? Fir dës Problemer ze léisen, musse mir elo aktiv ginn. Als Oppositioun hu mir an de leschte Jore vill konkreet Propose gemaach. D’Aarbecht vum aktuelle Buergermeeschter- a Schäfferot ass net op der Héicht vun dësen Erausfuerderungen. Déi lescht Jore weisen, datt eis Gemeng eng nei Equipe brauch, déi d’Problemer vun der Gemeng upaakt an sech net hannert Ausriede verstoppt, datt et déi staatlech Administratioune sinn, déi alles blockéieren.

Ech sinn houfreg, Iech an dëser Newsletter kënnen eis Equipe fir d’Gemengewale vum 11. Juni 2023 virzestellen. Zesumme fir Leideleng, dat si véier Fraen a fënnef Männer, déi héich motivéiert sinn, sech fir d’Gemeng Leideleng an hir Biergerinnen a Bierger anzesetzen. Et ass eng Equipe mat ville verschiddenen Hannergrënn. Esou hu mer Leit aus dem Privatsecteur souwéi aus dem Public, Juristen, Handwierker, en Dokter, eng Expert-comptable, en Enseignant, en Ingenieur an och eng Linguistin dobäi. Mat enger Altersmoyenne vun 42,8 Joer ass et eng jonk an dynamesch Equipe, an där awer och eng Rëtsch méi erfuere Persoune vertruede sinn.

Wéi schonns an deene leschte Joren, wëlle mir an deenen nächste Méint mat Iech an d’Gespréich kommen, fir iwwert d’Erausfuerderunge vun der Gemeng ze schwätzen an Iech eis Iddie fir Leideleng ze erklären. Op der leschter Säit vun dëser Newsletter kritt Dir och méi Informatiounen zu deenen eenzele Kandidatinnen a Kandidaten.

Eis Kandidatinnen a Kanditate fir d’Gemengewale vum 11. Juni 2023:

Lou Linster, 31 Joer
Spëtzekandidat, Gemengeconseiller, Ingénieur-conseil

Vanessa Baldassarri ép. Demoling, 40 Joer
Juristin beim Ombudsman

Patrick Calmus, 55 Joer
Gemengeconseiller, Metallbauer, Enseignant am Secondaire

Denise Copette ép. Conrardy, 50 Joer
Expert-comptable, Conseillère économique

Nathalie Entringer, 30 Joer
Promovéiert Linguistin am Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch

Marcel Jakobs, 68 Joer
Gemengeconseiller, Staatsbeamten a. P.

Sandrine Pompidou, 42 Joer
Juristin, Managerin am Finanzsecteur

Jean-Pierre Roemen, 26 Joer
Gemengeconseiller, Jurist

Dr. Philippe Wilmes, 42 Joer
Orthopedesche Chirurg, Vizepresident AMMD

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp