ZfL_Logo_grouss

Gemengerot vum 14. Mäerz 2023

▶️ Ënnerféierung “Op dem Schass”: D’CFL wëll d’Zuchstreck-Ënnerféierung tëscht dem Schléiwenhaff a Märel no iwwer 10 Joer Fermeture vun dëser Barrière elo endlech bauen. D’Stad Lëtzebuerg wëllt awer net, datt nees Trafic duerch d’Rue des Celtes geet an insistéiert, dass d’Ënnerféierung mat engem Poller fir de motoriséierte Verkéier gespaart gëtt. Als Gemengerot hu mir eis dofir unanime géint de Bau vun dëser Ënnerféierung ausgeschwat. Entweder ouni Poller oder guernet.

▶️ Point Post: An Zukunft wäerten d’Leidelenger Leit hir Recommandéeën an de Point Post an der City Concorde an net méi op d’Cloche d’Or musse siche goen. Leider ass et net méiglech, datt d’Leit individuell (gratis) eraus siche kënnen, a wéi e Point Post hier Recommandéeën geliwwert ginn.

▶️ D’Konventioun zum PAP Eelchesgewan 2 ass mat 4 Stëmmen dofir a 4 Stëmmen dogéint mat duebeler Stëmm vum Schäffe Jean-Paul Sunnen gestëmmt ginn. Mir sinn nach ëmmer der Meenung, datt d’Gemeng hei net gutt ewech kënnt an hunn dofir géint dës Konventioun gestëmmt.

▶️ Op eis Demande hin gouf d’Etüd vu Luxplan fir d’Realisatioun vun Héichwaasserschutzmesüren am Gemengerot presentéiert. Dëst soll elo och op enger ëffentlecher Presentatioun gemaach ginn. Leider ass nach net kloer wéi eng Mesuren sech an der Praxis realiséiere loossen.

▶️ An der Lëtzebuerger Strooss gëtt am Abrëll eng nei Couche de Roulement gemaach.

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp