ZfL_Logo_grouss

Ënnerféierung um Schass

Zesumme fir Leideleng huet nees Beweegung an den Dossier “Ënnerféierung Um Schass” bruecht: Am November haten d’DP-Deputéiert Max Hahn a Claude Lamberty op eis Ureegung hin beim Infrastrukturminister Bausch nogefrot, wéi et mam Bau vun dëser Ënnerféierung steet.

De Minister huet elo geäntwert. Schonns 2009 hat d’CFL ugefaangen déi néideg Terraine fir de Bau vun dëser Ënnerféierung ze kafen, ass do allerdéngs net mat de Proprietären eens ginn. 2011 ass dunn eng Enteegnungsprozedur ageleet ginn. D’Proprietäre sinn allerdéngs dogéint a Recours gaangen. De Bau kann deemno eréischt lass goen, dee Moment wou Verwaltungsgeriicht en Uerteel an dësem Prozess gesprach huet, wat zur Enteegnung vun de Proprietäre féiert.

Virgesinn ass eng zweespuereg Strooss an en Trottoir op enger Säit ze baen. Dat Ganzt soll 5m héich ginn.

Eis 4 Conseillere wäerten op allefall un deem Dossier dru bleiwen.

Hei drënner fannt Dir d’Fro vun den DP-Deputéierte Max Hahn a Claude Lamberty, sou wéi och d’Äntwert vum Minister Bausch.

Jean-Pierre Roemen

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp