ZfL_Logo_grouss

Grondsteiererhéijung suergt fir ausgeglachene Budget

Wéi och schonn an de vergaangene Joren, stinn och dëst Joer nees vill Projeten am Budget, déi schonns säit zwee, dräi oder véier Joer do opdauchen an nach ëmmer net realiséiert goufen. Dozou zielt z. B. de Bëschkierfecht (säit 2018) oder de Reamenagement vun der Terrass vun der Brasserie an der Eech (säit 2020).  Sécherlech ginn et heiansdo extern Ursaachen dofir, datt Projeten net direkt ëmgesat ginn, mee et schéngt, wéi wann et dem Schäfferot des Ëfteren un der néideger Determinatioun feele géing, fir deen oder dëse Projet endlech unzegoen. Dobäi kënnt, datt 5 Mio. € virgesi sinn, fir Immobilien ze kafen, ouni datt de Schäfferot awer wollt erklären, ëm wat genee et sech dobäi genau handelt. Op dës Manéier kann een dann och net kritiséiert ginn, wann et net klappt.

Et sinn awer och 2022 eng Rei sënnvoll Ausgaben am Budget virgesinn. Sief et 510.000 € fir d’Neimaache vun der Rue Pëssendall oder och 230.000 €, fir eis Iddi vum Jugendwunnen ze realiséieren. Mir begréissen, datt eis laangjäreg Fuerderung, fir d’Grondsteier fir d’Betriber erop- an am Géigenzuch d’Gewerbesteier erofzesetzen, endlech ëmgesat gouf. Dat spullt ronn 2 Mio. € pro Joer zousätzlech an d’Gemengekeess, ouni awer d’Betriber zousätzlech ze belaaschten.

Ë. a. follgend Amendementer hu mir proposéiert, fir de Budget ze änneren an esou ze verbesseren:

  • d’Kreatioun vun engem Budgetsposten, fir Klimapakt-Mesuren ze realiséieren
  • d’Virgesi vun engem Montant, fir e Chalet am Bësch ze amenagéieren
  • d’Erhéijung vum Montant, fir d’Terrainen an der Zone verte ze kafen fir esou Biodiversitéits-Mesuren ëmzesetzen
  • d’Virgesi vun engem Montant fir Sëtzplazen an en neit Gelänner an der Sportshal ze installéieren

Eis Amendementer goufe leider vun der Majoritéit verworf, wouropshi mer géint de Budget gestëmmt hunn. Dëse gouf awer mat 5 zu 4 Stëmmen ugeholl.

Lou Linster

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp