An der Gemengerotssëtzung vum 9. Juli hu mir an enger Motioun gefuerdert, datt gratis Menstruatiounsartikelen an de Gebaier vun der Gemeng zur Verfügung gestallt solle ginn. “D’Reegel ass kee Luxus a keng Fra soll méi aus finanzielle Grënn op ongëeegent Mëttele bei der Menstruatioun zeréckgräife mussen. D’Thema Menstruatioun muss enttabuiséiert ginn”, sou d’Nathalie Entringer. D’Motioun ass unanime gestëmmt ginn a gëtt deemno ëmgesat. De ganzen Text fannt Dir hei: