Mir si frou, datt d’Leidelenger Leit d’Wuert kréien
Am Dezember hat Zesumme fir Leideleng an d’DP Sektioun Koplescht-Briddel op enger Pressekonferenz eng ganz Rei Argumenter presentéiert, firwat eiser Meenung no Leideleng an och Koplescht éischter an de Walbezierk Zentrum wéi an de Walbezierk Süde gehéieren. Koplescht hat den 8. Oktober 2017 schonns e lokale Referendum organiséiert wou 63% vun de Leit sech fir e Bezierkswiessel ausgeschwat hunn.
„Deputéiert sinn an der Reegel an „hirem“ Walbezierk ënnerwee. Wéi sollen d’Leit mat den Deputéierten aus hirem Walbezierk an d’Gespréich kommen, wann hire Liewensmëttelpunkt guer net an deem Bezierk ass?“, sou eise Gemengeconseiller Lou Linster. Och ass Leideleng éischter vu Problemer an a ronderëm d’Stad betraff, ewéi vu Problemer am Süde vum Land. De Kopleschter Buergermeeschter Carlo Schmit wërft d’Fro op, wéi en Deputéierte vu Schëffleng oder Esch d’Verkéiersproblemer vu Koplescht-Briddel kenne kann.
Iwwer 50% vun de Leidelenger Salariéë schaffen an der Stad Lëtzebuerg
Ronn 550 Leidelenger schaffen an der Stad Lëtzebuerg, wat iwwer 50% vun alle Leidelenger Salariéë sinn. Rechent een déi Leit déi an aneren Zentrums-Gemenge wéi Bartreng oder Stroosse schaffen, kann een dorausser schléissen, datt nëmmen eng Minoritéit vun de Leidelenger Salariéen am Süde schaffen.
Och a punkto ëffentlechen Transport ass Leideleng bedeitend besser un d’Zentrums- ewéi un d’Südregioun ugeschloss. Sou verbënnt d’AVL-Linn 4 Leideleng am 20-Minutten-Takt mat der Stad. Och existéiert en direkte Schoulbus op de Campus Geesseknäppchen. Eng TICE-Verbindung oder e Schoulbus op Esch gëtt et zu Leideleng allerdéngs net.
Gréisser Infrastrukturprojeten déi d’Regierung an den nächste Joren an a ronderëm Leideleng ëmsetze wëllt, fokusséieren sech staark op d‘Stad Lëtzebuerg, sief et d‘Verlàngerung vum Tram op Leideleng aus Richtung Cloche d’Or respektiv Porte de Hollerich oder de Bau vum Boulevard de Cessange/Merl. Dës Projete wäerten e staarken a warscheinlech positiven Afloss op d’Leidelenger Verkéierssituatioun hunn.
Leidelenger Schäfferot huet Affiliatioun un de Gemengesyndikat Pro-Sud refuséiert
Am Summer 2018 huet de Leidelenger Schäfferot refuséiert a Gespréicher iwwert eng eventuell Affiliatioun vun der Gemeng Leideleng un de Gemengesyndikat Pro-Sud anzetrieden, dëst mam Argument et géif een sech dem Zentrum méi no spieren. Leideleng forméiert zesumme mat der Stad Lëtzebuerg, Bartreng Stroossen an Hesper de Verbond “DICI Sud-Ouest”. D’Memberschaft am DICI erlaabt et der Gemeng z.B. sech 2019 un de “Vel’oh’s”-Reseau unzeschléissen. Weider verbënnt d’DICI-Buslinn 226 Leideleng mat Bartreng an Hesper.
Leidelenger Schäfferot huet d’Ofhale vun engem Referendum fir d’éischt refuséiert
An enger Motioun hat Zesumme fir Leideleng virgeschloe fir de 26. Mee 2019 e Referendum iwwert de Bezierkswiessel ze organiséieren, zäitgläich mat den Europawalen. Mat 5 zu 4 Stëmmen ass dës Motioun rejetéiert ginn. Als Grënn fir dogéint ze sinn huet de Schäfferot ë.a. genannt, dass e Referendum näischt bréngen a Käschte verursaache géif an et och “egal” wier ob d’Leidelenger Bierger am Süden oder am Zentrum wiele géif.
Lancement vun Ënnerschrëftenaktioun
Well mir awer weiderhin der Meenung waren, dass d’Leidelenger Bierger an dëser wichteger Fro hir Meenung sollen äussere kënnen, hu mir eng Ënnerschrëftenaktioun gestart. D’Gemengegesetz seet, datt an enger Majorzgemeng d’Ënnerschrëfte vun engem Véierel vun de Wieler duergeet, fir e lokalen, consultative Referendum ze organiséieren. Déi néideg Unzuel un Ënnerschrëften sinn io bekanntlech zesumme komm. Mee wat géif dat heeschen, wann eng Majoritéit vun de Leidelenger sech fir e Bezierkswiessel ausschwätze géif?
D’Inneministesch Taina Bofferding huet op RTL gesot, datt d’Verfassung misst geännert gi wann eng Gemeng de Bezierk wiessele wéilt. Vu datt d’Regierung awer keng 2/3-Majoritéit an der Chamber hätt fir dat ze maachen, wier dat net méiglech. Dës Ausso ass awer vum Verfassungsexpert Luc Heuschling vun der Uni.lu revidéiert ginn ass, Grond firwat mer eis ëmsou méi fir e Referendum zu Leideleng agesat hunn.
Lokal Referende musse vun der Politik eescht geholl ginn
Doduerch datt Lokal Referenden nëmmen e consultative Charakter hunn, ass weder d’Chamber nach d’Regierung forcéiert sech mat de Resultater vun esou Referenden ze befaassen. Wa Politiker egal vu wéi enger Partei ëmmer nees betoune wéi wichteg de Wielerwëlle wier, kann et net sinn, datt sech mat de Resultater vun esou Referenden net weider ausernee gesat gëtt.
Podiumsdiskussioun “100 Joer lëtzebuergesche Walsystem: Ass eng Reform néideg ?”
Am Virfeld vum Referendum vum 26. Mee organiséiere mer de 15. Mee eng Podimsdiskussioun iwwert de lëtzebuergesche Walsystem. Hei fannt der de Flyer vun der Podiumsdiskussioun “100 Joer lëtzebuergesche Walsystem: Ass eng Reform néideg ?” déi mir de 15. Mee am Virfeld vum Referendum organiséieren:
RTL huet schonns 3 Reportagen an deem Kader realiséiert, hei fannt Dir se:
Hei den éischte Reportage op RTL (04.01.2019): 1. Reportage RTL
Hei den zweete Reportage op RTL (07.01.2019): 2. Reportage RTL
Hei den drëtte Reportage op RTL (08.03.2019): 3. Reportage RTL
Hei fannt der d’Presentatioun déi op der Pressekonferenz gewise ginn ass: