Wéi ee Leideleng optimal un de Vel’oh’s-Reseau uschléisse kann

A senger Motioun huet de Jean-Pierre Roemen de Schäfferot opgefuerdert fir ze iwwerpréiwen, de Stater Vel’oh’s-System esou schnell wéi méiglech bis op Leideleng ze bréngen.

Am Abrëll huet ZfL eng Motioun lancéiert déi de Schäfferot opfuerdert sech dofir anzesetzen, datt d’Gemeng Leideleng un de Vel’oh’s-Reseau vun der Stad Lëtzebuerg ugeschloss gëtt.

Mir hunn eng Rei Plaze proposéiert wou een an enger éischter Phase Vel’oh’s-Statiounen opstelle kéint (vun der Gemeng iwwert d’Zéissenger Strooss laanscht d’Aktivitéitszone bis op de Kuelebierg). Esou kéint eiser Meenung no eng effikass Verbindung tëscht dem Zentrum vum Duerf an Zéisseng an domadder der Stad geschafe ginn.

Wärend der Diskussioun huet de Schäfferot erkläert, datt een sech am Syndikat DICI schonns dozou bekannt huet fir sech un de Vel’oh’s-Reseau unzeschléissen.

De Schäfferot huet awer dunn refuséiert iwwert dës Motioun ofstëmmen ze loossen, mam Argument, datt een dat net ze maache bräicht, well een sech schonn zu der Aféierung vun deem System bekannt huet a sech fir d’éischt wëll berode loosse wat den Emplacement vun de Statiounen ugeet. Et wéilt een net elo schonn eppes refuséieren, wat een herno vläicht awer ëmsetze géif.

Eis véier Vertrieder hunn doropshi méi ewéi eemol kloer an däitlech gesot, datt mir trotzdeem iwwert dës Motioun ofstëmme wéilten. Mir sinn der Meenung, datt iwwert all Motioun, där hire Sujet an der Kompetenz vum Gemengerot läit, ofgestëmmt muss ginn, esou wéi d‘Gemengegesetz dat virgesäit. De Schäfferot huet weiderhi refuséiert doriwwer ofzestëmmen.

Den Droit d’Initiative deen all Conseiller huet, ass e wäert- a sënnvollt Instrument fir sech och als einfache Conseiller aktiv fir seng Gemeng asetzen ze kënnen a konkret Virschléi ze maachen. Dëst Recht muss respektéiert ginn.

Hei fannt der d’Motioun:

Motioun Vel’oh

Leave a Comment