Konform Sëtzplazen op der Tribün an der Leidelenger Sportshal

Per Motioun hu mir de Schäfferot dozou opgefuerdert nees (konform) Sëtzplazen op der Tribün vun der Sportshal an och en duerchsiichtegt Gelänner ze installéieren, vu datt mëttlerweil 3 Clibb hir Championnats-Matcher do spillen. Virun iwwer 10 Joer sinn d’Sëtzplazen ewech geholl ginn, well se net den Normen entsprach hunn. De Schäfferot war der Meenung, datt dëst eréischt am Kader vun enger gréisserer Renovatioun soll gemaach ginn an och no Corona keen akute Besoin dofir do ass. Mir sinn der Meenung, datt esou eppes Standard an enger Sportshal ass, besonnesch wann een esou vill Clibb huet, déi hire Championnat do spillen. Déi ganz Motioun fannt Dir hei: