Late Night Bus

Am leschte Gemengerot huet eise Conseiller Lou Linster eng Motioun fir d’Afféierung vun engem Late Night Bus aus der Stad op Leideleng agereecht.

Vill Leidelenger Leit si Weekends an der Stad ënnerwee an hunn de Moment leider net d’Méiglechkeet op e Late Night Bus zeréckzegräifen, deen si sécher heem bréngt. Dëse Service gëtt a ganz villen anere Gemengen ugebueden. Aktuell gëtt et just d’Méiglechkeet e Nightrider, den eegenen Auto oder en Taxi ze huelen. De Nightrider gëtt zwar vun der Gemeng subventionéiert, wat och eng gutt Saach ass, mee et muss een e schonns 2 bis 3 Wochen am Viraus buchen, fir iwwerhaapt een ze kréien. Soulaang am Viraus weess ee meeschtens net, op ee Weekends eraus geet oder net.

D’Motioun fuerdert, dass e Late Night Bus an der Gemeng Leideleng agefouert gëtt. Dëse Bus soll all Freides a Samschdes vun der Stad op Leideleng fueren, um 1:30 an um 3:30. Ënnerstrach gouf, dass dëse Service am beschte mat enger Nopeschgemeng zesummen organiséiert gëtt, fir d’Käschten niddreg ze halen.

Am Gemengerot hu mer eis drop gëeenegt, dass an deene nächste Méint zesumme mat deene Jonken aus der Gemeng e Konzept fir esou e Bus ausgeschafft gëtt. Mir sinn iwwerzeegt, dass mer am Gemengerot zesumme mat deene Jonken am Dossier Late Night Bus eng gutt Léisung am Sënn vun de Leidelenger Bierger fanne wäerten.

Hei fannt der d’Motioun:

Motioun Nightbus

Leave a Comment