Lichtmasterplan

A senger Motioun huet de Jean-Pierre Roemen de Schäfferot opgefuerdert fir dem Gemengerot en Devis vun engem Lichtmasterplan ze présentéieren. Esou e Plang géif dofir suergen, eis Gemeng adequat ze beliichten a gläichzäiteg d’Liichtverschmotzung reduzéieren.

Leideleng brauch e Plang fir ze definéiere wéi an deenen nächste Joren a Joerzéngten (well mer jo och nach wuesse wëllen) eis Stroossebeliichtung, mee och d’Beliichtung vun den ëffentleche Gebaier, wéi z.B der Kierch, der Gemeng an dem Waassertuerm, sollen ausgesinn. Dëst wier och am Kader vum Projet “Neien Duerfkär” néideg.

LED ass d’Zukunft. Net nëmmen hunn d’LED-Luuchten eng vill méi laang Liewensdauer wéi déi aktuell Luuchten, mee, wann se richteg agesat ginn, schounen se och nach d’Ëmwelt a beliichte just do, wou d’Luucht och gebraucht gëtt.

Et ginn onendlech vill verschidde LED Typpen. Et muss een dofir gutt oppasse wat een sech do eraussicht. Bei engem Lichtmasterplan geet et net nëmmen dorëms ze kucke wéi vill Luuchte wou installéiert ginn, mee och, wéi beliicht gëtt. Fir géint Liichtverschmotzung, déi e grousse Problem fir de Mënsch an d’Natur ass, virzegoen, wier et gutt fir z.B d’Luuchten an der Nuecht ze dimmen an e Beweegungsmelder ze installéieren, sou dass d’Luucht nëmmen dann mat 100% liicht, wann se och wierklech gebraucht gëtt. Dës Technologie sinn eréischt rezent op de Marché komm a wieren fir Leideleng eng interessant Alternativ.

An op genee deem Punkt ass sech de Schäfferot och mat „Zesumme fir Leideleng“ eens ginn. Konkret heescht dat, dass elo gepréift gëtt, ob een an Zukunft verschidde Stroosseluuchten dimmen an se mat Beweegungsmelder verbanne kann. De Gemengerot wäert dann doriwwer diskutéieren, sou dass dat Thema weider aktuell bleift.

Hei fannt der d’Motioun:

Motion Lichtmasterplan

Leave a Comment