Eng modern Gemeng muss gratis Wi-Fi op ëffentleche Plazen ubidden

An der Gemengerotssëtzung vum 11.September huet de Jean-Pierre Roemen virgeschloen Wi-Fi op ëffentleche Plazen an der Gemeng anzeféieren an hien huet och e Proet virgestallt deen hien zesumme mat HOTCITY ausgeschafft huet.

An enger éischter Phase sollen de Gemengerotssall, de Schoulhaff, d’Sportshal bannen a baussen, de Kultur- a Veräinsbau an d’Schwengsweed mam Citywifi ausgestatt ginn (Käschtepunkt: 16.000€). An enger zweeter Phase wier dann dee neie Shared Space op der Place du Lavoir drun (Käschtepunkt: 9.000€). Dobäi kommen nach Fraise vu ronn 800€ de Mount fir de System ze geréieren an d’Internetaboen ze bezuelen.

Eng Partie Plazen, wéi z.B. de Kultur- a Veräinsbau si schonns mat WLAN equipéiert. Aktuell këmmert sech d’Firma AC ëm dee System. Dëse System ass awer éischter geduecht fir déi Leit déi op der Gemeng schaffen, manner fir de Public. De System vun HOTCITY, dee schonns an der Stad, zu Esch oder zu Walfer installéiert gouf, ass wesentlech besser gëeegent fir ëffentleche WLAN unzebidden. Sou kënnen z.B. 100 Leit sech gläichzäiteg aloggen an och a punkto Sécherheet sinn d’Standarden héich. Et muss een z.B. seng Handysnummer ugi wann een e Kont kreéiert, well et zu Lëtzebuerg verbueden ass anonym  ze surfen oder mam Handy ze kommunizéieren. Och deckt den aktuelle System keng ëffentlech Plazen of.

HOTCITY huet en Helpdesk, dat heescht wann iergendee Benotzer e Problem mam Reseau huet, da rifft en net d’Gemeng un mee HOTCITY këmmert sech dorëms. Eiser Meenung no soll dee WLAN sou oppe wéi méiglech sinn an Restriktioune sollen nëmmen dann agefouert ginn, wann Abus festgestallt gëtt (z.B. iwwerméissegen Datekonsum oder besiche vun illegale Säiten).

Bei WIFI4EU (Wi-Fi fir d’EU), engem Programm vun der EU deen am Oktober 2018 uleeft, kënnen d‘Gemengen e Subside fir d’Installéiere vu Wi-Fi ufroen. Bis zu 15.000 Euro kann een esou vun der EU zur Verfügung gestallt kréien. Am Oktober kennen d’Gemengen sech do mellen an et geet dem Prinzip „First come, first served“ no.

Mir hoffen datt de Schäfferot esou e Subside bei der EU ufreet an dann z.B. d’Schwengsweed kuerzfristeg mat Wi-Fi equipéiert ka ginn.

Leave a Comment