ZfL_Logo_grouss

Holzbau fërderen

Wärend beim Beton vill CO2 wärend der Produktioun ausgestouss gëtt, ass et beim Holz ëmgekéiert: D’Beem späichere wärend hirem Wuesstem CO2. Andeems Holz als Baumaterial genotzt gëtt, déngt et als laangfristegen CO2-Späicher. Well Holz zu Lëtzebuerg ëmmer nach e Nicheproduit am Bausecteur ass, hu mir de Schäfferot an enger Motioun dozou opgefuerdert, Holz beim Bau vun neie Gemengegebaier als Baumaterial ze favoriséieren. De Schäfferot gesäit zwar an, datt Holz eng gutt Alternativ ass, mee wollt awer kee klore Statement fir den Holzbau ofginn an huet dofir géint eis Motioun gestëmmt. Hei fannt Dir déi ganz Motioun:

Deelen:

Facebook
Twitter
LinkedIn
Email
WhatsApp